top of page

Excursioun CEBA-Musée Klierf

Samschdeg, de 17, Mee 2025 hunn sech op Aluedung vum CA vun der AAAL 37 Memberen vun de fréier Artilleristen mat hiere Gardisten- a Militärpolizeifrënn zu Kierf afonnt fir den CEBA-Musée ze besichen. Encadréiert goufen si vun de Kohnen Bridder déi hinnen intressant a objektif Detailler vun der Ardenneschluecht an den Ausstellungsstécker an hierem Musée erzielt hunn. Fir d'Mëttegiessen ware mir am Hotel-Restaurant Reiff zu Fëschbesch wou mir och de Rescht vum Nomëtteg a gesellschafftlecher Atmosphäre verbruecht hunn.
bottom of page